Vu Köln huet ee schonn oft héieren an et war ee vläit souguer schonn do, mee als Student:in gesäit een d’Staat nach eemol mat ganz aneren Aen. Dofir sinn 9. Abrëll 33 futur Student:innen ob Köln komm, fir sech hier eege Meenung ze maachen. Zesummen hu mer déi verschidden Héichschoulen, un deenen Interesse bestoung, besicht, souwuel wéi d’Uni zu Köln. Fir all oppe Froe wat de Studium ugeet ze klären, hate mer ënnert anerem Student:innen, déi och do studéieren dobäi. De Mo gouf natierlech och net vernoléissegt, an e Kölsch däerf bei enger Visitt an der Doumstaat net feelen. Da bis am Oktober:)

Leave a Reply