Insgesamt liewen den Moment +/- 1,061 Milliounen Awunner zu Köln, dovunner sinn ongefeier 97.000 Studenten, an dodrënner ginn et eng ronn 400 Lëtzebuerger. D’Distanz vun der Stad Lëtzebuerg bis op Köln leit bei 200 km an et brauch een mam Auto 2, bis 2 an eng hallef Stonn.

Wunnen:

Den LSC huet seit 2016 eng eegen Facebook-Grupp fir d’Wunnengssich fir déi nei lëtzebuerger Stundenten ze erliichteren: „Wunnengssich (LSC)“. Hei kann jiddereen, den op der Sich ass no enger neier Wunneng, oder seng aal Wunneng well weider verlounen, een Beitrag posten. Außerdem verkaafen hei vill Leit hier aal Miwwelen zu engem gudden Preis. Weider Méiglechkeeten fir eng Wunneng ze fannen sinn iwwer Internetseiten (immobilienscout24.de) oder Aushänge un der Uni/Héichschoul, Makleragenturen, Dageszeitungen an iwwer d’Studentenwerk (des Wunnengen sinn ganz gënschteg, et ass awer mat laangen Waardezäiten ze rechnen, d’Adress ass: Kölner Studentenwerk, Universitätsstraße 16, D-50937 Köln; www.kstw.de). Wanns du op der Sich no engem WG Zemmer bass, kanns de och bei www.wg-gesucht.de nokucken. 

Dei typesch Stundentenwunnvéirelen zu Köln sinn Sülz, Lindenthal, Klettenberg, Belgisches Viertel, Zollstock an Ehrenfeld. Et ass natierlech emmer vun Virdeel wann dir eng gutt Bahn- oder Busverbindung zum Zentrum, oder zu der Uni/Héichschoul un der dir studéieren wellt, hudd. Bei 30 m2 muss een mat ongeféier 400€ Mietkosten rechnen.

Typesch Köln:

Wann een un Köln denkt, fällt engem natierlech direkt den Kölner Dom an. Dobei nennen d’Studenten Köln net ëmsoss „Cöllefornia“, d’Stad huet nämlech weitaus méi ze bidden. An der Aalstadt kann een en erfrëschenden Kölsch drénken an dobei déi wonnerschéin Aussiicht op den Rhein genéißen. D’hohe Straße, d’Schildergasse, d’breite Straße an d’Ehrenstraße lueden fir ze Shoppen an. D’Kulturliebhaber kënnen vun den villen Museen, Theateren an Operen profitéiren. Et feelt der Stad och net un gréngen Flächen, een den d’Natur gäer huet, kënnt mat den villen Parks, Bëscher an Weiheren och op seng Käschten. Sportfans ginn zu Köln natierlech regeleméißeg vum 1.FC Köln, mee och vun eiser Eishockey Mannschaft, den Kölner Haie, entertained. An op keen Fall duerf een d’Lieblingszäit vum Kölner, dei fënneft Joereszäit verpassen! Em Karneval, mee och den 11.11, herrscht an der ganzer Stad Ausnahmezustand.

Iessen an Drénken:

Mir Studenten feieren am léifsten an den Kneipen an Disco’en an der Géigend vun der Zülpicher Straße an den Ringen. Mee och am Belgischen Viertel, zu Ehrenfeld, an der Südstadt an an der Aalstadt ginn et vill Méiglechkeeten, een lëschtegen Owend ze verbréngen an et fënnt een an ganz Köln Restauranten, déi fir wéineg Suen, leckert Iessen ubidden.

Transport:

Leider kënnt een mam Auto nach ëmmer am séiersten an am bëllegsten op Köln (2-2,5 Stonnen). Den Zuch ass net immens gënschteg an brauch mindestens eng Stonn méi laang (+/- 3,5 Stonnen). Wanns du keen Auto besëtz, kanns du dech beim LSC mëllen, fir eng Matfuergeleegenheet ze fannen. Op Facebook gëtt et eng extra Grupp dofir (Matfuergeleeëenheet Köln <—> Letz).

Ënnerhalb vun der Stad kennt een am séiersten mat der Bunn vun A op B. All Student un der Universität zu Köln oder och un verschiddenen aaneren Héichschoulen, kréien beim Bezuelen vum Semesterbeitrag een NRW Fahrausweis fir d’Bussen, d’Bahn, d’S-Bahn an d’Regionalbahn an ganz Nordrhein-Westfalen benotzen ze kënnen. Außerdem ass d’Velofueren bei den Studenten an Köln ganz beléift.

Ëmweltplakette:

Firun denger Urees op Köln, solls de dir am beschten eng Ëmweltplakette fir dein Auto besuergen, falls du domat an d’Innenstadt fueren wells. Dës kanns du an Däitschland bei all TüV kafen oder um Site vum ACL bestellen andeems du deng „Gro Kaart“ vum Auto virweisen kanns. D’Plaquette kascht 10 Euro beim ACL an 6 Euro beim däitschen TüV. Beim ACL dauert et bis zu 10 Schaffdeeg bis een se huet. Beim TüV kritt een se direkt op der Platz ausgestallt.