Ween ass den LSC?

Seit Dezember 1992 verbënnt den lëtzebuerger Studenteclub zu Köln alleguerten d’Lëtzebuerger, déi zu Köln op der Uni oder op den verschiddenen Héichschoulen studéiren. Seit mëttlerweil méi wéi 20 Joer, treffen mir eis all Dënsden an verschiddenen Kneipen an Bars fir do flott Owender madeneen ze verbréngen. Bei engem gudden Kölsch fannen d’“Erstis“ séier Uschloss an léiren d’Stad Köln, nieft der Uni, an all hieren Facetten kennen. Mir probéiren Iech sou gudd et geet, eng kleng Oofwiesslung zum Studentenalldag ze bidden an bei alldeeglechen Froen ze ennerstëtzen an weiderzehëllefen.

Am Summer treffen mer eis gäeren um „Aachener Weiher“, den bei den kölner Studenten allgemeng ganz beléift ass. Mir grillen dann do zesummen oder genéissen einfach dat gutt Wieder mat engem leckeren Béierchen.

Zu eisen wöchentlechen Aktivitéiten zielen zum Beispill eisen Ersti Day, een Fräibeier pro Semester, déi traditionnel Daf, eisen Intercercle den 11.11, eng „Assemblée Générale“, an villes méi. Weider Informatiounen zu eisen Events fënns du hei.

Nieft eiser Léift zum kölner Nuetsliewen, sin mir och sportlech aktiv an treffen eis zum Beispill fir zesummen Volleyball ze spillen, mir ginn an d’Jumphouse oder Bowling spillen.

Mir sinn all Joër zu puer Kölner op der REEL vertrueden an huelen un den Events vun der ACEL deel, wéi zum Beispill um Tournoi de Noël oder um Studentebal.

Eisen Kölner Bal zu Lëtzebuerg fënnt emmer um Freiden firun Chrëschtdag statt.

Du bass nach keen Member? Dann komm einfach am Ufank vum Semester op eisen Fräibeier, do kanns du deng Memberskaart kafen. 

Du kanns eis natierlech och per Privatnoriicht op Facebook (LSC – Lëtzebuerger Studenteclub Cölln) oder per Email (lsc.comite@gmail.com) kontaktéiren an mir bréngen dir deng Memberskaart dann op dat nächst Event vun eis mat!