Wéi all Joer, gouf och dëst Joer rëm een neie Comité gewielt, fir al Bätz z’entlaaschten oder frëschem Geméis eng Chance ze loossen. Dofir sinn eis Kölner an och Oochener Membere bei e puer Stecker Tarte flambée an e puer méi Schluppe Schampes zesumme komm. Nom Joresréckbléck an dem Abschid vun enger ganzer Rei Comitésmemberen, sinn dunn d’Stemme fir den neie Comité gezielt ginn. Ob Frust oder Freet, seng Emotioune konnt een dann nach ob der Danzfläch rausloossen. Heimat nach eng Kéier en Décke Merci un deen ale Comité a Bonne Chance fir deen Neien!

Leave a Reply