„Wéi laang brauch ee vum Zülpicher Platz bis bei den Doum? Wéi oft war Lëtzebuerg schonn an den Top Drei vum ESC? Wat fir eng Kannerfoto passt bei wat fir ee Comitésmember?“ Dat ass nëmmen eng Auswiel vun de spannenden a kreative Froen aus allméigleche Beräicher, déi de 07.05 beim Pubquiz am LIEBEFELD zu EHREN dozou bäigedroen hunn, dass déi schlausten Equipe aus dem LSC bestëmmt gouf. Dëst Joer waren et „D’Geographen an déi sexy Meedercher“ déi kee schloe konnt. Ob zweeter an drëtter Platz, koumen du jeeweils „D’Tina an den déiwen Norden“ an „Vive den Heng“. Gratulatioun;) 

Leave a Reply