Donneschdes den 13 Abrëll hate mer Besuch vun enger Rei Schüler, déi sech fir eis schéin Domstad an eis Héichschoulen interesséieren. An de Gebailechkeete vun der Uni Köln hu souwuel mer, wéi och d’ACEL an d’Uni selwer Informatiounen iwwert d’Unis- a Studenteliewen zu Köln ginn an eis de Froe vun den zukünftege Studente gestallt.

No enger Stäerkung am Burgerrestaurant „Hans im Glück“ haten d’Schüler d’Méiglechkeet, entweder nach eng vun den aneren Héichschoulen zesumme mat eise Membere kucken ze goen, oder op eege Fauscht nach d’Stad ze entdecken. Um 18 Auer war et dunn awer rëm Zäit, sech an de Bus ze maachen an de Wee zeréck op Lëtzebuerg unzetrieden.

Allgemeng hu vill Leit e positiven Androck vu Köln gewonnen a mer freeën eis, e puer vun hinnen am nächste Joer rëm hei begréissen ze dierfen.

Leave a Reply