Den 18. Abrëll hu mer eis an der Eigelsteintorburg getraff, fir eis Assemblé Generale ze halen. Do hu mer du mat eise Memberen dat lescht Joer Revue passéiere gelooss an et eis duerno nach mat vill Gedrénks a ganz guddem Iessen, preparéiert vun eise Comitésmemberen, gutt goe gelooss hunn.

Do dernieft ass dann och den neie Comité gewielt ginn. Vun den 13 Memberen, déi sech am leschte Joer fir den LSC engagéiert hunn, hunn 3 Leit opgehalen a 4 neier sinn dobäikomm. Mer freeën eis alleguerten op e flott nächst Joer, an hoffen, dass et genau sou gutt verlafe wäert, wéi dat lescht. 

Leave a Reply