Den 20. Dezember hu mer eis an eisem Stammcafé Kwartier getraff, fir den 30. Gebuertsdag vum Kölschi a vum LSC ze feieren. Den 2. Dezember 1992 hu sech déi éischte Kéier Lëtzebuerger Studenten zu Köln zesummegedoen, fir eng Studentevereenegung ze grënnen an domat hir Landsleit an der Stad zesummenzebréngen. Dat Ganzt natierlech bei e puer gudde Kölsch a ganz leckere selwergemaache Snacks, déi vu verschiddene Membere matbruecht goufen. Alles an Allem e ganz flotten Owend an e würdegt Jubiläum fir eise Veräin.

Leave a Reply