D’Studiejoer 2020/2021 war och fir den LSC opgrond vun den Corona-Mesuren leider immens roueg. Mir hunn eis vun Zäit zu Zäit a Form vun Online-Meetings getraff (Quiz- oder Spillowend) , fir den Bezug zoueneen an zu den neien Erstien net ze verléiren. Trotzdem ass et sou net einfach gewiecht, sech kennenzeléiren. Den 15. Juni 2021 war et dunn souwäit, mir konnten eist éicht offiziellt LSC-Event seit bal annerhallwem Joer Paus organiséiren. Dat Ganzt huet ennert den 3G-Regeln (geimpft, genesen, getestet) op der Mensawiese (Park hannert der Uni) stattfonnt. Mir hunn fir bëssen Gedrénks, souwéi e puer Spiller gesuecht. Et gouf sech iwwert de ganze Nomëtten an fréien Owend gutt amuséiert, et gouf vill gelaacht an d’LSC-Famill huet sech iwwert déi nei Gesiichter gefreet. Owes sin e puer Memberen nach an ee Café gangen, fir d’Europameeschterschaft ze kucken.

Mir hoffen, dass et am Studiejoer 2021/2022 nees wéi üblech verleeft an mir eis regelméißeg Dënsdes treffen an eng schéin Zäit madeneen verbréngen kënnen.

Leave a Reply