Den 22. September 2020 huet déi digital Assemblée Générale vum LSC iwwer „Zoom“ stattfonnt. Leider konnten mir wéinst dem Covid19 keng traditionnel AG an Präsenzform organiséiren an hoffen, dass mir eis sou séier wéi méiglech kënnen gesin, fir zesummen dodrop unzestoußen an d’Feier soumat nozehuelen.

Trotz der Distanz, hunn mir eisen Memberen den Bilan vum Joer 2019/2020 présentéiert an am Uschloss gouf dann den neien Comité fir d’Joer 2020/2021 gewielt. D’Wahlen sin anhand vun engem QR Code oofgelaaf. Sou konnt jiddereen doheem ob sengem Handy seng Stëmmen verdeelen.

Puer Deeg dono huet de neien Comité sech (iwwer „Zoom“) getraff, fir eng éicht Comitésversammlung oofzehalen an d’tâchen am Comité ze verdeelen:

Presidentin: Caroline Adam
Vize-Presidentin: Lisa Michels
Sekretärin: Lisa Michels
Trésorier: Zujie Lin
Public Relations: Noémie Ries
Events: Lissy Ehmann, Michèle Duchscher, Alexandra Schoellen
Sponsoring: Rosanna Conte, Ben Lucas
Material: Sophie Mangen
Kommunikatioun (Social Media): Sophie Mangen, Sebastian Hommel
Merchandise: Sebastian Hommel

Leave a Reply