Seit dem Summersemester 2019 organiséiren mir Events mam AVL – Lëtzebuerger Studenten zu Oochen (https://www.avl.lu) zesummen! 
Well eis 2 Stiedt sou noo beieneen leien an mir och soss mol zesummen schaffen (wéi um ING zu Lëtzebuerg z.B.) hunn mir eis geduecht dass et secher cool gëtt dei 2 Cerclen bëssen mei noo ze brengen an eis all besser kennen ze léiren.
Dat leeft sou oof, dass sie den LSC als éicht op hiert Event „Belscht Béierfest“ am Mee alueden, wou mir dann zesummen op Oochen fueren (Sie organiséiren eis eng Schloofplaatz, fir déi wou eng brauchen!) Ab 12 Auer ginn bei hoffentlech guddem Wieder zu Oochen „Am Adamshäuschen“ eng sëllech Zorten Belschen Béier dégustéiert. Doniewt gëtt gegrillt an et ginn verschidden Zaloten ugebueden. Dat Ganzt funktionéiert nom Prinzip „All you can drink & eat“, nodeems een déi gewëss „Flatrate“ vum AVL bezuelt huet. Een Beerpongdësch ass natierlech och op der Platz. Owes fannen mir dann den Wee an dem AVL sein Stammcafé, den Kaktus, an déi motivéiert Leit kënnen dono nach weider an eng Disco feieren goen.
Ënnert folgendem Link kënnt dir iech den Aftermovie vum Joer 2018 ukucken: https://www.facebook.com/avloochen/videos/1958355304474494/

Am Géigenzug invitéiren mir den AVL op eist LSC Event „Volksgarten“ (Do bieden mir all d’LSC Memberen eis z’informéiren, wann dir eng Schloofplaatz zu Köln ubidden kënnt). Jiddereen ass häerzlech wëllkomm fir mat gudder Laun ee gemittlechen Owend mat Beerpong, Volley- a Flunkyball am Volksgarten ze verbréngen. Fir déi Motivéiert, geht et dono spontan weider an ee vun den legendären Kölner Clubs. Sou wéi beim belschen Béierfest, gëtt et bei eis eng Flatrate. Wann dir bezuelt hutt, kritt dir een Stempel an kënnt dann domat souvill Béier, Cola-Wäin an Sangria drénken, bis eis Reserven eidel sinn. Außerdem suergen mir fir Schnittercher, Fingerfood an Kuch, well eist Event jo um 18 Auer ufänkt.

2019 waren genial Owender, mir freeën eis op d’Summersemester 2020!

Leave a Reply