Den 10. September 2019 hunn vill LSC Membren den Wee op d’Fouer an den Stall fonnt, wou mir bessen eppes géint den Heemwéi no Köln während den laangen Semesterferien gemaach hunn. Zesummen hunn mir den Optrëtt vun engen vun den beléifsten kölner Bands, Kasalla, genoss an sou gudd wéi mir et kennen matgesong an matgedanzt. Villmools Merci un all déi, déi dobäi waren an zu der gudder Stëmmung beigedroen hunn. Mir freeën eis op den Semesterstart, an op all eis nei Ersti’en, déi häerzlech agelueden sin den 14. Oktober op eisen Ersti Day ze kommen (weider Informatiounen zum Event fannt dir geschwënn op eiser Facebook Säit „LSC – Lëtzebuerger Studenteclub Cölln“).

10.09.2019

Leave a Reply