Fir den traditionelle Start an d’Fuessaison hu mir eis zesumme mat eise Kolleegen aus den anere Studentestied an eiser schéiner Stad versammelt, fir zesummen ze drénken, ze feieren an ze danzen. Lass gaang ass et schonn den 10. November, wou mir owes op eise Fräibéier invitéiert hunn. Gutt ausgeschlof ass et du weider bei de Lëtzebuerger Bam um Alter Markt gaang, wou mir um 11:11 Auer prett waren, fir d’Fuesent mat anzeleeden. Owes ass et dunn nach weider an de Venus Celler gaang, wou mir den Owend ausklénge gelooss hunn. Fir déi ganz motivéiert ass et dunn nach Sonndes op eist Iessen am Brauhaus an duerno nach weider an d’Agrippabad gaang, wou mir eis dunn zum Ofschloss och nach sportlech bedeelegt hunn.

Leave a Reply