Den 20. Mee ware mer zesumme mat eise Kolleege vum AVL an der Stad, fir do um ING Night Marathon matzewierken. Op eisem Ravi an der Avenue Amélie hu mer de Leefer vu Waasser, Energy an Uebst alles zerwéiert, wat se fir hir Course gebraucht hunn. Wärenddeem an och duerno war eng aner Ekipp an der Groussgaass op eisem Stand, wou mer de Spectateure lecker Eisekuchen an och dat engt oder anert ze drénken ugebueden hunn.

Leave a Reply