De 4. Mee ware mer bei eis Oochener Kolleegen op hir traditionellt Belscht Béierfest invitéiert. Vu Mëttes bis Sonnenënnergank gouf et vill Gegrills an natierlech allerhand Béier vun der anerer Säit vun der Grenz, dee sech eiser Degustatioun ënnerzunn huet. Déi vill Leit, déi vu béide Veräiner do waren, hunn de ganzen Dag iwwer fir super Stëmmung gesuergt an dat Event richteg genoss.

Fir déi extra motivéiert ass et méi spéit am Owend dunn nach weider gaangen, zesumme mat den Oochener si mer nach an hire Stammcafé, de Kaktus, weidergaangen an hunn den Owend gutt ausklénge gelooss.

Leave a Reply