Skip to main content

Den 10. Oktober war et endlech sou wäit, mir konnten eis Neuankömmlinge an eiser wonnerschéiner Stad begréissen. Net manner wéi 44 Erstis hunn de Wee bis op de Rudolfplatz fonnt a goufen do natierlech och mat engem leckere Kölsch begréisst.

No enger klenger Kenneléierronn hu si sech a Gruppen op de Wee gemaach, fir op eisem Rallye hir nei Stad besser kennen ze léieren. Duerno gouf et nach e gudde Maufel am Brauhaus, ier mer den Owend an zwee Caféen ausklénge gelooss hunn.

Mir hoffen dass mer iech e gudden Owend bidde konnten an dass mer iech all op enger Rei Events rëmgesi kënnen!

Leave a Reply