Vum 21. bis de 24. September ware mir mat 9 Kölner op der REEL 2023 zu Innsbruck vertrueden. Nodeems mir Donneschdes Moies mat Workshops vun der ACEL ugefaangen hunn, stounge Mëttes d’Virträg vun de Partnerbetriber zum Thema Wirtschaft an Technik um Programm. Freides war et un de verschiddene Visitten uechter d’Stad an um Rallye konnte mir Innsbruck nach besser kenneléieren. Samschdes war dunn de ganzen Dag journée politique, wou mir mat verschiddene Politiker an anere Leit aus dem Secteur iwwert d’Thema „Interoperabilitéit – Europaiwwergräifend Kompatibilitéit“ am Kontext vum Bologna-Prozess debattéiert hunn.

Fir d’Wirtschaft unzekuerbelen hu mir et eis natierlech och net huele gelooss, eis Owenter a verschiddene Clibb zu Innsbruck auskléngen ze loossen. Mir soen dem LSI an dem ganze REELs-Comité villmools Merci fir déi gutt Organisatioun vun deene 4 Deeg.

Leave a Reply