Skip to main content

De 15. Abrëll war et nees souwäit. D’AG huet stattfont an den LSC-Comité 25/26 ass gewielt ginn.
Leider hu mir misse villen ale Comitésmemberen Äddi soen. Nom trauregen Abschid konnte mir awer och den neie Comité begréissen a mir si ganz houfreg a stolz lauter motivéiert Student*innen am LSC ze hunn. An dowéinst hu mir eis et méi wéi verdéngt dës och feierlech ofzeschléissen. Mat eisem schicke Look, risege Buffet a flotter Danzfläch hu mir schéin zesummen Zäit konnte verbréngen.

Mir soe jidderengem vum ale Comité en décke Merci fir hier ganz Aarbecht. Den neie Comité ass bereet iech alleguerten e Joer laang ze begleeden.
Mir freeën eis,
Den LSC-Comité 25/26!!!

Leave a Reply