1, 2, 3, 4, mir schmaache lo mol Béier! Dat beschreift ongeféier, d’Event vum 14.05 zu Oochen. Ons Kolleege vum AVL haten ons mol rëm eng Kéier ob hiert Belscht Béierfest agelueden. Ausser Béier drénken, huet et och nach Gegrilltes frupsen an e puer lëschteg Spiller spille geheescht. Mat dem gudde Wieder a sympathescher Gesellschaft huet een sech scho bal wei an der Vakanz gefillt. Et ass eis ëmmer rëm eng Freed, eis Noperen ze besichen. Merci fir d’Invitatioun!

Leave a Reply