Et fillt sech net un, wéi wann eise leschte Fräibéier elo schonn ee Joer hier ass. D’Zäit vergeet sou schnell…
Well et awer wéi all Joers ëmmer nees sou schéin ass, ware mir och den 21. Oktober rëm am Venus Celler.
Et war ee schéinen Owend mat gudder Stëmmung, Musek a virun allem Kölsch!
Mir erwaarden iech all op eisem nächste Fräibéier um Virowend vum 11.11.
Prost a bis geschwënn!



