Och dëst Joer war den LSC nees op der REEL dobäi, déi dës Kéier zu Stroossbuerg stattfonnt huet. Dat konnt den LSC sech net entgoe loossen. Et ware flott 5 Deeg mat 120 anere StudentInnen. Zesummen hu mir d’Stad mat flotten Aktivitéiten onsécher gemaach, an d’Nuechten eragefeiert, vill Visitte gesinn an awer och eng ganz spannend Journée politique mat interessanten Themen, Froen an Diskussioune matgemaach!
Mir ware frou ënner anerem eise Premier de Luc Frieden begréissen ze dierfen.
Mir freeën eis op d’nächst Joer a si gespaant op déi nächst Iwwerraschungen 2026!





