Och d’Summersemester geet op een Enn a genau dat hu mir den 8. Juli mat engem schéinen Ofschlossiessen am Hellers Brauhaus gefeiert.
Mir soen iech alleguerte Merci, ouni iech wieren d’Eventer net sou flott ginn, wéi se et waren.
Mir drécken iech d’Daume fir déi nächst Prüfungen a vergiesst net iech am Summer ze erhuelen, domadder mir erëm frësch an den Oktober starte kënnen.
Mir freeën eis schonn op deen nächste Fräibéier!
Bis ganz geschwënn a schéi Vakanz!
Ären LSC-Comité





