De 17. Juni huet et rëm no eisem Flunkyball Tournoi geruff. Wéi all Joer huet et erëm vill Spaass gemaach an d’Student*innen ware voller Motivatioun dobäi. (Och wa mir vun e puer Käferen attackéiert gi sinn.)
No villem Rennen a Schéissen, gratuléiere mir der Ekipp „Biersonders“. Si hunn et sech verdéngt. Op der zweeter Plaz war d’Ekipp „Gëtt Zeit dass rem Minusgraden sinn“. Decken Applaus
Virun allem awer och gratuléiere mir eisem President, deen op engem flotte Sportsevent och nach Gebuertsdag hat. Happy Birthday Dany.
Merci fir dee vollen Engagement!
An elo hu mir alleguerten eng gutt Sportspaus verdéngt, domadder mir erëm fit an dat nächst Event starte kënnen. D’Summerfest steet virun der Dier a mir erwaarden iech alleguerten nächst Woch.
Mir freeën eis.




