Den 8. Oktober war erëm Ersti-Day. 30 an der Zuel war eist jonkt Geméis, mat deene mir no enger kuerzer Kenneléierronn en éischte Rallye duerch Köln gemaach hunn. Am Uschloss si mir dunn an den „Hellers“ iesse gaangen an och nach an den “der Gockel”, eise Stammcafé ee pouze gaang. Elo si mir mol gespaant, wéi laang si all sou frësch a knackeg dobäi bleiwen, éier hinnen den Unisalldag iwwert de Kapp wiisst.:)