Wosst dir schonn, dass den LSC 1992 am Brauhaus „Hellers“ gegrënnt gouf? A genau do hate mir den 9. Juli eist Ofschlossiessen. Den haarde Kär ass dunn och nach weider an d’„Tankstelle“ an an d’„Roonburg“ a souguer nach weider gezunn. D’Ofschlossiessen heescht leider och, dass d’Semester fäerdeg ass, a mir eis an ee méi oder manner relaxe Congé verabschiden. Mir hoffen, dir kënnt all déi grandios Leeschtungen an ären Examen an Hausaarbechten erreeche, fir déi mir iech kennen an da gesi mir eis an aller Frische und Bräune am neie Semester. Passt op iech op. 🙂

Leave a Reply