Skip to main content

Köln

Insgesamt liewen den Moment bal 1,1 Milliounen Awunner zu Köln, dovunner sinn ongefeier 95.000 Studenten, an dovunner si 518 Lëtzebuerger. D’Distanz vun der Stad Lëtzebuerg bis op Köln leit bei 200 km an et brauch een mam Auto 2 – 2 ½ Stonn.

Wunnen:

Den LSC huet säit 2016 eng eege Facebook-Grupp, fir d’Wunnengssich fir déi nei Lëtzebuerger Studenten ze erliichteren: „Wunnengssich (LSC)“. Hei ka jiddereen, deen op der Sich no enger neier Wunneng ass, oder seng al Wunneng weider verloune well, ee Beitrag posten. Ausserdeem verkafen hei vill Leit hir al Miwwelen zu engem gudde Präis. Weider Méiglechkeete fir eng Wunneng ze fanne sinn Internetsäite wéi Immobilienscout24 (immobilienscout24.de), Annoncen un der Uni/Héichschoul, Makleragenturen, Dageszeitungen an iwwer d’Studentenwerk (des Wunnenge si ganz gënschteg, et ass awer mat laange Waardezäiten ze rechnen, d’Adress ass: Kölner Studentenwerk, Universitätsstraße 16, 50937 Köln; www.kstw.de). Wann‘s du op der Sich no engem WG-Zëmmer bass, kanns de och bei www.wg-gesucht.de nokucken. 

Déi typesch Stundentewunnvéierelen zu Köln si Sülz, Lindenthal, Klettenberg, Belgisches Viertel, Zollstock an Ehrenfeld. Et ass natierlech ëmmer vu Virdeel wann dir eng gutt Bunn- oder Busverbindung an den Zentrum, oder op déi Uni/Héichschoul un der dir studéiere wëllt, hutt. Fir eng Wunneng ab 30 m2 zu Köln muss ee mat mindestens 600 – 700€/Mount rechnen.

Typesch Köln:

Wann een u Köln denkt, fält engem natierlech direkt de Kölner Dom an. Dobäi nennen d’Studente Köln net ëmsoss „Cöllefornia“, d’Stad huet nämlech e gutt Stéck méi ze bidden. An der Alstad kann een en erfrëschende Kölsch drénken an dobäi déi wonnerschéin Aussiicht op de Rhäin genéissen. D’Hohe Straße, d’Schildergasse, d’Breite Straße an d’Ehrenstraße luede fir ze shoppen an. D’Kulturliebhaber kënne vun de ville Muséeën, Theateren an Opere profitéieren. Et feelt der Stad och net u grénge Flächen, wann een d’Natur also gär huet, kënnt ee mat ville Parks, Bëscher a Weieren och op seng Käschten. Sportfans ginn zu Köln natierlech regelméisseg vum 1.FC Köln, mee och vun eiser Äishockey Mannschaft, de Kölner Haie, entertained. An op kee Fall duerf een d’Lieblingszäit vum Kölner, déi fënneft Joereszäit verpassen! Ëm Karneval, mee och den 11.11, herrscht an der ganzer Stad Ausnamezoustand.

Iessen an Drénken:

Mir Studente feieren am léifsten an de Knäipen an Discoen an der Géigend vun der Zülpicher Straße an de Ringen. Mee och am Belgischen Viertel, zu Ehrenfeld, an der Südstadt an an der Alstad ginn et vill Méiglechkeeten, ee lëschtegen Owend ze verbréngen an et fënnt een a ganz Köln Restauranten, déi fir wéineg Sue leckert Iessen ubidden.

Transport:

Mam Auto kënnt een nach ëmmer am séiersten an am bëllegsten op Köln (2-2 ½ Stonnen). Op villen Unie kritt ee mëttlerweil automatesch en Deutschlandticket, mat deem een a ganz Däitschland gratis mam ÖPNV (also alles, wat keen ICE, IC, EC asw. ass) fuere kann. Mam Zuch brauch een vun der Stad aus knapp ënner 4 Stonnen. Wann‘s du keen Auto besëtz, kanns du dech beim LSC mellen, fir eng Matfuergeleeënheet ze fannen. Och dofir hu mir op Facebook eng extra Grupp (Matfuergeleeënheet Köln <—> Letz).

Ënnerhalb vun der Stad kënnt een am séierste mat der Bunn vun A op B. Och déi si beim Deutschlandticket mat dran. Ausserdeem ass d’Vëlofuere bei de Studenten zu Köln ganz beléift. Fir eemoleg 1 Euro kanns du d’KVB Vëloe benotzen.

Ëmweltplakette:

Virun denger Urees op Köln solls de dir am Beschten eng Ëmweltplaquette fir däin Auto besuergen, falls du domat a Köln erafuere wëlls. Déi kanns du an Däitschland bei all TÜV kafen oder um Site vum ACL bestellen andeems du deng „Gro Kaart“ vum Auto virweise kanns. D’Plaquette kascht 15€ beim ACL (7,50€ fir Memberen) a 17,50€ beim däitschen TÜV. Beim ACL dauert et bis zu 10 Schaffdeeg bis een se huet. Beim TÜV kritt een se direkt op der Platz ausgestallt.