Wien ass den LSC?

Säit Dezember 1992 verbënnt de Lëtzebuerger Studenteclub zu Köln alleguerten d’Lëtzebuerger, déi zu Köln op der Uni oder op de verschiddenen Héichschoule studéieren. Säit mëttlerweil méi wéi 30 Joer, treffe mir eis all Dënschden a verschiddene Knäipen a Bars, fir do flott Owender mateneen ze verbréngen. Bäi engem gudde Kölsch fannen d’“Erstis“ séier Uschloss a léieren d’Stad Köln, nieft der Uni, an all hire Facette kennen. Mir probéieren Iech sou gutt et geet, eng kleng Ofwiesslung zum Studentenalldag ze bidden a bei alldeegleche Froen ze ënnerstëtzen a weiderzehëllefen. 

Am Summer treffe mer eis gären um „Aachener Weiher“, dee bei de Kölner Studenten allgemeng ganz beléift ass. Mir grillen dann do zesummen oder genéissen einfach dat gutt Wieder mat engem leckere Béierchen.

Zu eise wéchentlechen Aktivitéiten zielen zum Beispill eisen Ersti Day, ee Fräibéier pro Semester, déi traditionell Daf, eisen Intercercle den 11.11, eng „Assemblée Générale“, a villes méi. Weider Informatiounen zu eisen Events fënns du hei.

Nieft eiser Léift zum Kölner Nuetsliewen, si mir och sportlech aktiv an treffen eis zum Beispill fir zesumme Volleyball ze spillen, mir ginn an d’Jumphouse oder Bowling spillen.

Mir sinn all Joer zu puer Kölner op der REEL vertrueden an huelen un den Events vun der ACEL deel, wéi zum Beispill um Tournoi de Noël oder um Studentebal.

Eise Kölner Bal zu Lëtzebuerg fënnt ëmmer Freides viru Chrëschtdag statt.

Du bass nach kee Member? Da komm einfach am Ufank vum Semester op eise Fräibéier, do kanns du deng Memberskaart kafen.

Du kanns eis natierlech och per Privatnoriicht op Facebook (LSC – Lëtzebuerger Studenteclub Cölln) an op Instagram (lsc_koelschi) oder per Email (lsc.comite@gmail.com) kontaktéieren a mir bréngen dir deng Memberskaart dann op dat nächst Event vun eis mat!