Skip to main content

De 14. Oktober konnte mir zu Köln 28 Erstis am LSC begréissen.

Nodeems mir eis virun der Mensa getraff hunn, ass et mat eisem flotte Rallye weider gaangen. Elo konnten d‘Erstien och mol sou richteg déi wonnerschéin Doumstad kenneléieren. Zum Ofschloss hu mir eis am Hellers Brauhaus getraff an eis mat guddem Iesse gestäerkt. Fir den Owend schéin auskléngen ze loossen huet e gudde Kölsch natierlech net dierfe feelen!

Mir freeën eis iech op eisen Eventer rëmzegesinn!

Leave a Reply