Den 3. Juni war den LSC nees sportlech ënnerwee, et war erëm Zäit fir e flott Sportevent an eise Spikeball-Tournoi huet stattfonnt.
Och hei konnten eis Sportler*innen hiert Talent erëm beweisen a mir musse wierklech zouginn, do ginn et der vill am LSC. No ville Ronne konnte mir dann och eis Gewënner festleeën. An der Finall waren „Den Décken an dee mam Dënnen“ an „En ass zwar kleng mee dofir extrem dënn“. Eis Gewënner vum dësjärege Spikeball-Tournoi sinn… „Den Décken an dee mam Dënnen“. En décken Applaus geet dann och un eis aner Ekipp „En ass zwar kleng mee dofir extrem dënn“, déi et op déi 2. Plaz gepackt huet a soumat d’Sëlwermedail mat Heem hëlt.




