D‘Semester konnt net besser starten! Am Liebefeld zu Ehren konnten d’Leit den 8. Abrëll hiert Wëssen op eisem Pubquiz beweisen.
Alleguerte waren se staark um schweessen an d’Käpp hu gebrannt. Eppes steet fest: den LSC huet nëmmen intelligent Student*innen. Fir jidderee war eppes dobäi, soudass an all Beräich jiddereen sech individuell konnt matdeelen a säi Besserwësser beweise konnt.
Well mir halt nëmme gutt Student*innen hei zu Köln setzen hunn, war d’Rennen zimmlech enk. En decken Applaus un eis Ekipp „Eerkäpp“, déi et op eis 3. Plaz gepackt huet. Déi flott Sëlwermedail kruten „Stau op der Nordstroos“.🥈 An eis Gewënner vum dësjärege Pubquiz sinn…. „Mir sinn net kreativ mam Numm“! Si hunn et sech definitiv verdéngt!




