De 6. Juni hu mer eis op der Uniwiese zesummefonnt, fir dee klenge Concours vun deem beléifte Studentespill ze organiséieren. Op zwee Terraine konnten déi 7 Ekippen du weisen, wéi gutt se werfen, lafen a virun allem drénke kënnen. Um Enn konnt sech d’Ekipp „klengen Alkoholproblem“ géint all déi aner Mannschafte behaapten an den Titel mat heem huelen.